L'ile au tresorLogo l'ile au trésor

Zweeschproocheg Crèche
Eng kleng Crèche an enger familiärer Atmosphär

Härzlech Wëllkomm, klenge Matrous

Numéro d'agrément : FJ 05362011

« D’Crèche L’île au trésor as eng flott a gemittlech Platz wou ech mat menge Kollege kann zesummen spillen…. »

Entdeckt eis Crèche

Zweeschproocheg Crèche

An der Crèche L’île au trésor schwätze mir fléissend Lëtzbuergesch an Franséisch

An onser Crèche betreien mir Kanner vun 2 Méint bis 4 Joër a méi. Ons Raimlechkeeten sin de spezielle Bedierfnisser vun de Kanner, jee no Alter, ugepassst an entspriechen de Sécherheetsnormen vun der Inspection du travail et des mines.

-  Groupe vun de Puppelcher : 2 Méint bis 18 Méint
-  Groupe vun deene Groussen : 18 Méint bis 4 Joër (a méi)

Ronderem ons Crèche hu mir e private Gaart mat enger Spillplatz an e klengen Besch, sou dass mir de Kanner verschidden Aktivitéiten dobaussen kënne proposéieren.

1.jpg
4.jpg
3.jpg
6.jpg
5.jpg
7.jpg
8.jpg
9.jpg
10.jpg
11.jpg
12.jpg
13.jpg
14.jpg
15.jpg
16.jpg
17.jpg
18.jpg
2.jpg

Projet an Arbechtsmethoden

All Kand soll sech an verschiddene Beräicher kennen entfaalen an entwéckelen:


-  motoresch
-  cognitiv
-  sozial
-  psychologesch

Mir proposéieren de Kanner dovir verschidden Zorten vun Aktivitéiten :
- artistesch Aktivitéiten (bastelen, zeechnen, moolen, …)
- psychomotoresch Aktivitéiten (Graphismus, Relaxatioun, …)
- Fräispill (Rollespiller, Imitatiounspiller, …)
- kulturell a pedagogesch Sortien (Theater, Musée, Schueberfouer, Chrëschtmaart, …)
- Aféierung an d’Musek an an de Yoga
- Aféierung an d’Sproochen: Lëtzebuergesch an Franséisch

Mir schwätzen :
-  Lëtzebuergesch
-  Franséisch
-  Portugisech
-  Däitsch

Oiseau logo l'île au trésor

Aféierung an d’Méisproochegkeet
An der Crèche L’île au trésor kennen d’Kanner lues a lues, op eng spontan an natierlech Art a Weis, Lëtzebuergesch a Franséisch léieren.

All ons Matarbechter schwätzen fléissend Lëtzebuergesch a Franséisch. D’Kanner fillen sech demno a Sécherheet a sinn an deene verschiddene Situatiounen vum Alldag mat deenen zwou Sproochen an Kontakt. Si hunn also d’Méiglechkeet déi zwou Sproochen an hierem eegene Rhythmus ze léieren.

Mat onsen verschidden Aktivitéiten wellen mir folgend wichteg Ziler erreechen:
-  d’Wuelbefannen
-  d’Sécherheet
-  d’Autonomie
-  d’Sozialverhaalen
-  d’Virbereedung op hir schoulesch Zukunft

Mir baséieren ons bei onser Aarbecht op d’Théorien vun verschiddene Wëssentschafler déi sech speziell op d’Kandheet bezéihen, wéi zum Beispill d’Françoise Dolto, de Sigmund Freud, den Donald Winnicott, d’Maria Montessori an d’Emmi Pikler.

Ons Präisser entspriechen de chèques-service.

Témoignages

« Merci à vous de m’avoir gardé, c’est le cœur triste mais avec plein de souvenir que je m’en vais. Merci fir alles »


Famille S.B

« Merci pour tous les sourires, pour toutes les larmes essuyées, pour tous les câlins, pour tous les bisous, merci pour tous les jeux amusants, pour tous les repas donnés, merci pour la joie et la patience… merci de tout cœur »


Famille M.T

« Un grand merci pour tous les bons moments passé avec vous, merci pour tous ce que vous avez fait pour notre fils »


Famille M.M

Horaires

Mir sin op vu Méindes bis Freides, vu 7H00 bis 19H00.

D’Crèche as all Dag op, ausser déi legal Feierdeeg an eng Woch tëschent Chrëschtdag an Neijoerschdag.

Adress :

12, am Haff
L-2162 Luxembourg-Hamm
5 Minuten bis an de Garer Quartier
5 Minuten bis op Kierchbierg
5 Minuten bis op den Cents
Bus Nummer 15, Arrêt Hamm-Kierch